Zucchini Zalot mat engem Hambier Dressing

Zucchini Zalot mat engem Hambier Dressing

D’Jill Novak ass eng jonk passionnéiert lëtzebueger Foodbloggerin. Inspiréieren léisst d’Jill sech fir seng Rezepter op sengen Reesen ueschtert déi ganz Welt a léisst dës Andréck an déi lokal an regional Kiichen afléissen. Dem Jill seng kreativ, meeschtens vegan oder vegetaresch Rezepter fannt dir op sengem Blog – www.kleineskuliversum.com, souwéi op Facebook an Instagram ënnert «kleines Kuliversum».

 

Zucchini Zalot mat engem Hambier Dressing (4 Persounen)

1/2 Kapp Zalot
2 Zucchini
6 Muerten
6 Ierbessenschoten
125g Hammbier
6 EL Äppelesseg
8 EL Rapsueleg
1 TL Moschter
1 TL Agavendicksaft
Salz & Peffer
1 Pack Feta

 

De Stronk vum Zalot ewechschneiden an d’Blieder gutt wäschen, ofdréchnen an a kleng Stécker schneiden.
D’ Zucchini an d’ Muerte ginn uschléissend och gewäsch a mat engem Spiralschneider respektiv mat engem Sparschieler an dënn Scheiwe geschnidden.
D’Ierbesse schielen, mat e bësse Waasser blanchéieren an uschléissend mat kale Waasser ofschrecken.
Fir den Dressing 75g vun den Hammbiere mat dem Äppelesseg, Rapsueleg, Moschter, Agavendicksaft, Salz a Peffer püréieren.
D’Geméis mat de restlechen Hammbier, Dressing a Feta op 4 Telleren uriichten an uschléissend direkt zerwéieren.