Saisonal Geméispann mat Hämmelskotletten

Saisonal Geméispann mat Hämmelskotletten

 

Aux Tanneries De Wiltz – Charel Roemer

An der fréierer Gerberei hutt de Charel Roemer viru kuerzen den Hotel a Restaurant Aux Tanneries De Wiltz (https://auxtanneriesdewiltz.com/) , den zënter méi wéi 25 Joer schonns am Familljebesëtz ass,  iwwerholl. An engem schéinen ureschem Kader zerwéiert de Charel a seng Ekipp lokal a saisonal Platen mat ville Produkter vun de Baueren a Produzenten aus der Regioun.

Genéisse kann een déi lokal a saisonal Platen am Summer op der flotter Terrasse direkt um Floss vun der Wooltz oder awer och bei manner flottem Wieder am Restaurant den un ee gewëllefte Keller erënnert.

An fir déi Gäscht, déi gär ee flotte Weekend am Éislek verbréngen, bitt den Hotel / Restaurant Aux Tanneries De Wiltz och flott Zëmmeren an eng Schwemm. De Charel hutt sécherlech nach den een oder anere Wander- oder Veranstaltungstipp  aus der Regioun fir Iech.

 

Saisonal Geméispann mat Hämmelskotletten

  • Néi Gromperen
  • 1 spatze Kabes
  • Rout Ennen
  • Speckwierfelen
  • Hämmelskotletten
  • Olivenueleg
  • Frësch Kraider aus dem Gaart
  • Salz a Peffer
  • Eng frësch Zalot

 

D’Grompere gi kuerz gewäsch an dono fir 10 Minutten a kachendem Waasser gekacht. Uschléissend kenn Dir d’Grompere mat engem grousse Läffel aus dem Waasser fëschen, an an 2 schneiden. Dat restlecht Waasser op d’Blieder vum spatze Kabes gi fir ze blanchéieren. D’Gromperen uschléissend an enger Pann ubroden. D’Speckwierfelen dobäi ginn a mat héijer Temperatur fir 5 Minutten ubroden. Wärenddeem déi rout Enn schielen a kleng schneiden an uschléissend an d’Pann dobäi ginn a fir 3 wieder Minutte kachele loossen. No den 3 Minutte kann dann de  Kabes mat engem Schnatt Botter an d’Pann a  10 wieder Minutte brutzelen. Wärenddeem d’Geméispann brutschelt, kennen dann och d’Hämmelkotelettë fir 3 Minutte vun all Säit am Olivenueleg gebrode ginn. Ofschléissend nach mat de frësche Kraider,  Salz a Peffer wierzen a schonns kann de Plat ugeriicht ginn. Hei kenn Dir nach eng frësch Zalot separat dobäi maachen, oder de Plat mam Zalot dekoréieren.

Mir wënschen ee gudden Appetit!