Promme Crumble

Lola Valerius
Chocolatier du Luxembourg
(https://lolavalerius.com/)
Promme Crumble
Crumble
120g mëlle Botter
150g Miel
100g brongen Zocker
1 bëssi Salz
Déi 4 Zouhaten mat den Hänn zesumme mësche bis een en grimmelegen Deeg huet.
Op engem Bakblech verdeelen an 20-30 Minutte bei 180°C bake loossen.
Prommekompott
4-5 Promme pro Kapp
brongen Zocker
Rum
Schnatz Botter
D’Prommen entkären an aachtelen. An eng uewenfest Schossel leen a mat brongen Zocker bestreeën. Bëssi Rum driwwer schëdden (hei kann een och gären aneren Zorten oder guer keen Alkohol benotzen) nach en bëssi Botter driwwer maachen an dat Ganzt kann dann zur selwechter Zäit wéi de Crumble an den Uewen. Wann d’Friichte bis liicht Faarf kruten an zu engem Komplett zerfall si sinn se prett.
Montage
De Crumble an de Prommekompott ofkille loossen, si kënne souwuel kal wéi och waarm benotzt ginn.
En wäisse Jughurt (hei eegent sech de griichesche ganz gutt, mee och en wäisse Kéis passt wonnerbar) an enger Schossel verdeelen, Hunneg driwwer lafe loossen, bëssi Thym an Zitrouneschuel driwwer rappen dann ass d’Basis och scho prett fir d’Prommekompott an de Crumble driwwer ze verdeelen.
Vill Freet a gudden Appetit!