Pastinaken – Äppel Risotto

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Recette Jill Novak - kleines Kuliversum

Pastinaken - Äppel Risotto

Fir 4 Persounen

 

Geméisbritt

1 deck Enn
1 Knuewleckszéiw
1 Pastinake
1 Peiterséilechwuerzel
2 Muerten, orange oder wäiss
1,5 L Waasser
1 EL grafft Miersalz
1 TL Pefferkären, schwaarz

Zoubereedung
1. D’Geméis gutt wäschen an dreschenen.
2. D’Enn mat der Schuel an zwee schneiden a mat der Schnettsäit no ënnen an engem Deppen schwaarz ginn loossen. De Rescht vum Geméis a grob Stecker schneiden. Mat Waasser ofläschen an de Rescht vum Geméis an den Gewürzer dobäi ginn.
3. D’Britt wärend 2 Stonne liicht kachen loossen an duerch ee Sifft ofschëdden. D’Britt op d’Säit stellen fir den Risotto.

 

Confierte Pastinaken

500 g Pastinaken
300 g Botterschmalz
1 EL grafft Miersalz

1. Den Schäffchen op 100 Grad Umluft stellen a virhëtzen.
2. D’Pastinake schielen a wierfelen. An eng feierfest Schossel ginn an de Botterschmalz an Salz dobäi maachen.
3. Dat ganzt fir eng Stonn am Schäffchen goen loossen.

 

Pastinake Stréi

1 kleng Pastinake
100 ml Keimueleg

1. Pastinake schielen an fein raspelen.
2. Den Ueleg erhëtzen an d’Raspelen doran brong frittéieren.
3. Op engem Kiichenduch ofdrëpsen loossen.

 

Risotto

1 Schallott
1 EL Botter
300 g Risotto Räis
200 ml wäissen Wäin
1 L Geméisbritt
100 g Parmesan
Salz
Peffer

1. D’Schallott schielen a kleng wierfelen. Mat Botter ubroden an den Risotto dobäi ginn. Mat wäissem Wäin akachen loossen an d’Geméisbritt dobäi ginn. Dat ganzt wärend 20-30 Minutten lues kachen loossen an reegelméisseg réieren. Evt ebessen Geméisbritt dobäi ginn wann den Räis nach net duerch ass.
2. Wann de Räis duerch ass mat gerapptem Parmesan vermeschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen.

 

Gebroden Äppel

1 Äppel
1 EL Botter
Salz

1. Den Apel schielen an a Wierfel schneiden.
2. D’Botter an der Pan schmëlzen loossen an d’Äppel dobäi gi an fir 5 Minutten ubroden. Mat ebessen Salz ofschmaachen.
Den Risotto an den Teller uriichten, mat den Äppel an Pastinaken beleeën an mat Pastinake Stréi an Bratzel garnéieren.