Hierschtzopp

Plat3
Kürbis Deco

Recette Claire Frank

Hierschtzopp

  • Fir d’Zopp:

 

– 650 g Pastinaken

– 300 g séiss Gromperen

– 300 g Kürbisfleesch

– 1 Zwiwwel

– 2 Knuewelekszéiwen

– 1 Chilli

– 2 l Waasser

– e Grapp grafft Salz

– Peffer fir ze wierzen

– Botter fir unzebroden

 

  • Fir d’Toppings:

 

– 100 ml Ram

– Kären vun engem Kürbis

– ë bëssen Olivenueleg a Zitrounepeffer fir d’Kürbiskären ze réischteren an ze wierzen

– Péiterséileg

 

Vum Kürbis den Deckel erofschneiden, an dann aushielegen. D’Zwiwwel, d’Chilli an d’Knuewelekszéiwe kleng schneiden an an engem groussen Dëppen am Botter undënsten. An Tëschenzäit d’Pastinaken an déi séiss Gromperen schielen an a Kübe schneiden. D’ Pastinaken, d’séiss Gromperen an d’Kürbisfleesch an d’Dëppe ginn a kuerz am Botter mat den Zwiwwelen, der Chillischot an dem Knuewelek undënsten. Zwee Liter Waasser an e Grapp grafft Salz bäiginn. Wärend d’Geméis mam zouenen Deckel kacht gëtt d’Ram zu Schlagsan geschloen an d’Käre ginn an der Pan mat e bëssen Ueleg an Zitrounepeffer geréischtert. Wann d’Geméis mëll ass gëtt et püréiert a gepeffert. Sollt d’Zopp nach ze fest sinn, kann ee nach e bësse Waasser ënnerréieren. Zum Schluss gëtt d’Zopp an der ausgehielegter Kalbass zerwéiert a mat der Schlagsan, dem Péiterséileg an de geréischterte Kären dekoréiert.

Enjoy!

 

Nom Iesse kënnt der d’Kalbass auswäschen, e léift Gesiicht draschnitzen an en op d’viischt Dier setzen.