Geméiskichelcher

Gemeiskiichelcher
Claire Frank

Claire Frank

D’Claire Frank ass eng lëtzebuergesch Foodbloggerin an ze fannen op Instagram ënnert dem Numm – Uebstagemeis. Wéi de Numm et schonns verréit, baséieren dem Claire seng Rezepter sech haaptsächlech op planzlecher Basis a si gréisstendeels vegetaresch oder vegan. Dem Claire seng Platen sinn awer dofir net manner opfälleg. Wee sech seng Säit kuerz ukuckt, fënnt lauter flott faarweg a kreativ Variatiounen déi direkt Loscht maachen sech an d’Kichen ze beweegen a lasszeleeën.

Saisonal Geméiskichelcher

Fir d’frittéiert Geméiskichelcher:
1 Pâtisson
5 faarweg Muerten
1 rout Ënn
Jus vun ½ Zitroun
2 Eeër
6 EL Miel
Salz a Zitrounepeffer
Ueleg fir unzebroden

Zalot

Kären vun engem Pâtisson
1 Kapp Zalot
1 rout Ënn
Salz a Peffer
Jus vun ½ Zitroun
4 EL Kürbiskärueleg
Ëbessen Olivenueleg a Zitrounepeffer fir d’Kürbiskären ze réischteren an ze wierzen

 

Den Uewen op 180°C virhëtzen. De Pâtisson schielen, hallwéieren, entkären an a Stécker schneiden. D’Kären ofwäschen an an enger Schossel gläichméisseg mat Olivenueleg an Zitrounepeffer marinéieren. D’Kären op engem mat Bakpabeier ausgeluete Bakblech ausbreeden a fir 15-20 Minutten am Uewe réischteren. Nodeems d’Muerten an d’Ënn geschielt goufe gi se zesumme mat de Kürbisstécker an engem groussen Dëppen an dënn Sträife geraaspelt a gutt vermëscht. Déi zwee Eeër an de Jus vun enger hallwer Zitroun souwéi Zitrounepeffer a Salz bäifügen an alles gutt matenee vermëschen. An engem leschte Schrëtt gi déi sechs Iessläffele Miel noeneen ageklappt. Op engem separaten Teller gëtt d’Mëschung dann zu Geméisdalere geformt. Ueleg an eng Pan schëdden an erhëtzen, d’Geméiskichelcher béidsäiteg knuspreg broden (fir ongeféier 10-12 Minutten).

D’Zalot wäschen an dreschnen. D’Ënn a kléng Stécker schneiden, den Zitrounejus gutt mam Kürbiskärueleg vermëschen, pefferen a salzen. An enger Zaloteschossel d’Zalot gutt mat den Ënnen an dem Dressing vermengen. An engem leschte Schrëtt déi geréischtert Kürbiskäre bäiginn.

D’Zalot an d’Geméisgaletten zesummen uriichten an direkt zerwéieren. Enjoy !