Gefëllte Mangoldblieder / Äerdbiersmousse

 

Gefëllte Mangoldblieder / Äerdbiersmousse

De Charel Steichen hutt viru kuerzem een neie Restaurant/Café zu Angelduerf op der Ettelbréckerstrooss opgemaach – «Beim Charel». Eng saisonal Kaart déi variéiert, lokale Gin a Wäiner, Menü du joure mat Fësch, Fleesch a vegetareschen Alternative bitt den neie Restaurant. Och owes kann een «beim Charel» ee gemittlechen ënner Kolleegen huelen oder och eng Partie Keele spillen.

 

Gefëllte Mangoldblieder (Rezept fir 4 Leit)

500 g Mangold
200 g Mange-Tout
1 Schallott
4cl Olivenueleg
Salz a Peffer

 

D’Mangoldblieder ofkachen. D’Blieder vun de Stiller léisen. 8 Grouss Blieder raushalen an de Rescht mat de Stiller a kleng Stécker schneiden.D’Mange-Tout’en ofkachen an a kleng Wierfele schneiden. D’Schallott a reng Wierfele schneiden an, an enger Pann mam Olivenuëleg undënsten. D’Mangetout’en an di zerklengert Mangold mat undënsten.

Dës Mëschung an e Sift ginn a gutt ofdrëpse loossen.
Dat ganzt an di 8 grouss Mangoldblieder awéckelen. Dës « Päckelcher » kënnt Dier waarm oder kal (zum Beispeill mat der Zalot) zerwéieren

 

 

Äerdbiersmousse (Rezept fir 4 Leit)

2 Barquetten Äerdbier
6 Blieder Gelatine
20 cl lëtzebuergesch Ram
100 Gr. Zocker

 

D’Äerdbier botzen, a mat der Ram an dem Zocker püréieren.

D’ Gelatine a wotlechem Waasser opléisen.

Eng kleng Schësselchen Ärdbierpuree opwiermen a mat der Gelatine vermëschen. Dono alles matenee verréiere en an a Glieser opfëllen.

D’Mousse op mannst 6 Stonnen am Frigo ofkille loossen.

A fir déi, déi nach e bësse Menthe doheem hunn kennen dës och dobäi ginn, dat gëtt der Mousse nach zousätzlech een erfrëschende summerleche Goût.