Am Salz ageluechte Boune fir de Wanter / Sautéiert Porette mat Kiischtentomaten a Kraiderpesto

 

 

 

 

 

 

 

Am Salz ageluechte Boune a sautéiert Porettem mat Kiischtentomaten a Kraiderpesto

Recettes de Hans Poppelaars Manoir Kasselslay, Roder

De Restaurant Manoir Kasselslay ass ee Familljenbetrib de vum Maryse an Hans Poppelaars gefouert gett. Hei steet alles am Zeeche vun der Regionalitéit an der Qualitéit vun de Liewensmëttel. Déi gastronomesch Kaart bitt eng grouss Auswahl saisonale Menüen, och fir Vegetarier. Am Summer ass déi grouss Terrassen eng ideal Méiglechkeet dobaussen an der Sonn oder am Schied z’Iessen.
«Le crut, le cuit » ass ausserdeem eng Gamme un agekachte Produkter, déi den Hans Poppelaars opgestallt hutt. Dës ëmfaasst Produkter wéi Pestoen, Gebeess, Zoossen a villes méi.
Ausserdeem ginn et och nach 6 flott Zëmmere  am Manoir Kasselslay fir déi Leit, déi gär méi laang bleiwen.

 

Am Salz ageluechte Boune fir de Wanter

  • Gréng Bio-Bounen
  • rengt Salz
  • 1 Prise rengen Zocker
  • 6 Käre schwaarze Peffer

D’Hänn als alleréischt gutt wäsche fir ze evitéieren, dat sech Bakterië wärend der Sterilisatioun entwéckelen. Dir kennt och Händchen undoen. Dono d’ Boune gutt mat Waasser ofwäschen. D’ Bounen a kleng Stecker schneiden a vun Hand mam Salz an Zocker souwéi mat de schwaarze Pefferkäre wärend 10 Minutte vermësche bis zu dem Moment, wou gesalzt Waasser aus de Boune kennt an sech an eng flësseg Marinade entwéckelt. Dat Ganzt kenn Dir dann een Einweckglas ginn, ee Gewiicht drop ginn, soudatt d’Marinade d’Boune ganz bedeckt a scho sinn déi ageluechte Boune fäerdeg. Dës halen sech bis zu 4 Méint. Wann Dir se kache wëllt, huelt se aus dem Glas eraus, kuerz mat frësche Waasser ofspullen an da wéi Dir et gewinnt sidd, Kachen.

 

Sautéiert Porette mat Kiischtentomaten a Kraiderpesto

  • 1 Porette
  • Kiischtentomaten
  • 1 Prise rengt Salz a schwaarze Peffer
  • Olivenueleg
  • Kräiderpesto jee no Choix
  • 1 Apel

D’Geméis gutt ofwäschen andreschen. D’Poretten uschléissend a deck Rondelen oder schif Stecker schneiden. D’Tomate mam Salz,Peffer, Olivenueleg a mam Pesto vermëschen an da Schäffchen op niddreger Temperatur am 120° fir 1,5 Stonne kachen.
D’Porette wierzen an an enger Pann op niddregem Féier op 1 Säit ubroden.  Uschléissend fir 20-25 Minutten d’ Pann an de Schäffche gi bei 120°.

D’Poretten an Tomaten elo op engem Teller zesummen uriichten, de Jus, de beim Kache vun den Tomaten entstanen ass dobäi ginn a mat klengen dënnen Äppelsträifen dekoréieren.

 

Gudden Appetit wënscht den Manoir Kasselslay

 

Manoir Kasselslay
Maison 21
L-9769 Roder
Tel: (+352) 95 84 71
contact@kasselslay.lu
www.kasselslay.lu
Roder 2021