Abokëscht KW23



Abokëscht KW23
Kleng Abokëscht
Rhubarbe 0.7kg
Fraise 500gr
Champignons 0.3kg
Botte herbe 1pc
Carottes 1kg
Grouss Abokëscht
Rhubarbe 1kg
Fraise 500gr
Champignons 0.5kg
Botte herbe 1pc
Carottes 1,5kg
Léif Frënn vun der Abokëscht,
Et ass erëm esou wäit a mir starten endlech an déi nächst Saison mat eiser beléifter Abokëscht.
Ewéi der et aus de lëschte Jore gewinnt sidd, kritt dir bis Ufank November all Woch eng nei Këscht gefëllt mat frëschem, regionalem a saisonalem Geméis an Uebst.
Dës kritt dir zum jeeweilege Liwwerdag bis bei d’Dier bruecht.
Denkt w.e.g all Woch drun fir är eidel Këscht erëm virun Dier ze stellen, esou datt mer se nei fëlle kënnen.
Op all Këscht fann dir eng Kaart wou ärem Numm dropsteet an e QR Code drop ass. Wann der dëse scannt kënn dir déi jeeweileg Woch auswielen, an do fann dir all d’Infoen zu der Këscht, ewéi zB d’Zesummestellung.
Loosst dës Kaarten och weg un der Këscht drun.
Soll dir enker net do sinn, kënn dir d’Këscht bis 3 Deeg virun der Liwwerung per E-Mail op abokescht@fpe.lu ofbestellen an da kritt dir dës och net verrechent.
D’Rechnung kritt dir no all ofgeschlosse Mount heem geschéckt.
Ewéi all Joer freeë mir eis och dëst Joer, iwwert flott Foto’en, Rezeptiddi’en oder e Feedback wat Iech besonnesch gutt oder villäicht manner gutt gefält.
Zéckt also net fir eis ze kontaktéieren iwwert E-Mail: abokescht@fpe.lu oder Telefon: 80 48 85 – 46.
Mir freeën eis op déi kommend Saison mat Iech
Är Equipe aus dem Gaertchen