Abokëscht KW20

Abokëscht KW20

Kleng Abokëscht

Salade mixte 2pcs
Chou rave blanc 1pc
Oignons 1kg
Pommes de terre 1kg
Herbes en pot 1pc

Grouss Abokëscht

Salade mixte 2pcs
Chou rave blanc 1pc
Oignons 1kg
Pommes de terre 1kg
Herbes en pot 1pc
Bettesraves rouges en bocaux 1pc

Léif Abokëscht Clienten

Virun e puer Minutte sinn déi éischt Abokëschten erausgaangen!

Mir si frou, Eech vun elo un bis Mëtt November mat eisem frëschem a lokalem Bio-Geméis an Uebst ze beliwweren.

Ewéi ugekënnegt hunn mir eis fir dëst Joer eppes Neies iwwerluecht – eng Kooperatioun mat verschiddene lëtzebuergesch Käch, Foodblogger, a kreative Käpp déi eis am 2 Wochentakt innovativ Rezepter mat dem Geméis an Uebst aus der Abokëscht virstellen.

Dës fannt Dir ëmmer ab mëttwochs vun der Woch online op eisem Internetsite an eise Social-Mediakanäler.

Hei fannt Dir och déi aktuell Zesummesetzung vun der Këscht an den Umeldungsformular falls Dir och nach Frënn, Famill a Noperen hutt, déi eng Abokëscht wëlle – mir hunn nach e puer Platze fir dës Saison fräi.

https://www.fpe.lu/services/am-gaertchen/#abokescht – Rubrik Abokëscht

Den Optakt vun de Rezepter mëscht déi nächst Woch dat talentéiert a kreatiivt Lola Valerius – Patissier a Chocolatier vun Esch. Seng Kreatioune gesinn net nëmmen aus ewéi kleng Konschtwierker mee schmaachen och esou! Dir kennt also gespaant sinn.

Ewéi all Joer si mir och dëst Joer erëm frou, reegelméisseg Feedback, Foto’en oder Rezeptvirschléi vun Iech ze kréien an zéckt och net, Iech ze mellen, wann eppes net esou zur Ärer Zefriddenheet war.

Sidd Dir verhënnert, biede mir een 1 Woch am viraus d’Këscht ofzebestellen, fir dat mir eis organiséiere kennen.

Dir erreecht eis per:

Mail: abo kescht@fpe.lu

Telefon: 80 48 85-904 / 80 48 85-46

Villmools Merci a bis geschwënn,

Är Ekipp aus dem Gaertchen !